• Oppene Bréif fir Lëtzebuerg

     

    Oppene Bréif fir Lëtzebuerg 

       Lo ass bei iech endlech e Gesetz fir Lëtzebuergesch op Instanzewee. Wann een-eng d'Nues an d'Häerz no bäi Lëtzebuerg huet, awer an engem sproochefeindleche Land wunnt ( wéi z.B. Frankräich ) fënnt een-eng, datt Lëtzebuerg mat senger eegen Nationalsprooch aktéiert wéi wann d' Ländchen* eng Insel wär!

    D'Wirklechkeet vun der lëtzebuerger Sprooch ass awer net gena sou, wéi di meescht Lëtzebuerger-innen et mengen. Den éischten triviale Fakt ass schu quasi onbekannt: de Sproochraum vum Lëtzebuergesch ass gar net un de Grenzen ugepasst. Lëtzebuergesch gehéiert och e bësschen den Noperen: Frankräich, Däitschland an d' Belsch. Firwat gëtt dat net an de lëtzebuerger Schoule geléiert, op den Aarbechtspläzer a Betraacht geholl, an der Gesellschaft beschwaet?

    Lëtzebuerg huet eng Bezéiung zu senger Sprooch, déi net nëmmen als reng egozentresch awer och kafkaesch bezeechent ka ginn. Et gëtt keem Mënsch a Lëtzebuerg gesot, erkloert, datt Lëtzebuergesch eng ural lebendeg iwwergrenzlech Sprooch ass, déi méi wéi dausend Joer äler wéi Däitsch a Franséisch ass.

    Näischt widder näischt wëssen d'Bierger-inne vu Lëtzebuerg iwwer d' linguistesch a sozial Geschicht vun der Sprooch, déi 1984 hir Nationalsprooch ginn ass

    Méi schlëmm ass nach, datt Lëtzebuerg dat eenzegt Land op der Welt ass, dat eng Nationalsprooch huet OUNI Begleetungsmoosnahme derbäi fir dat de Recht vun dëser Nationalsprooch a Praxis een Ausdréck an der Gesellschaft kréit! Alles steet an sou engem falsche fräie Brei wou egal wat gemaach gëtt ( oder -besser geschriwwen- NET gemaach gëtt ).

    D'Grenzaarbechter-innen, méi wéi 180.000 Leit am Epizenter vun Europa, wann si d' Chance hunn, eng Ausbildung op Lëtzebuergesch ze erliewen ( wat net dacks de Fall ass), kréien d'Sprooch virgestallt wéi een echte lëtzebuergesche Produkt, amplaz datt den iwwergrenzleche Fong, dat heescht och d' mënschlech Verbonnenheet, hinnen och bäibruecht gëtt. No der leider verpasst Chance am eegene Land (cf de Referendum ), ass Lëtzebuerg elo och drunn seng Chance fir besser mënschlech Bezéiungen am Häerz vun Europa ze verpasse

    An da gëtt och an ärem Land gesot/gepëspert : « Souwisou sinn di faul Fransousen bal ni am Stand, eis Sprooch korrekt ze léieren ». Dobäi ass e wichtegen Element vergiess: iwwerall a sengem Sproochraum ronderëm Lëtzebuerg gouf d' lëtzebuerger Sprooch zënter Jorzéngte schwer ënnerdréckt. A Frankräich ass d' Lëtzebuergesch extrem mësshandelt ginn. Offiziell huet de franséische Stat nëmmen am Joer 1987 verbueden, datt an de lotrengesche Schoule d' Kanner bestrooft ginn, well si d'Sprooch benotzt hunn ( ob Lëtzebuergesch, Muselfränkech oder Rhäinfränkech)!

    Lëtzebuerg ass dat Land wou de Kapp ëmmer brav gebéckt huet an d'Aen zougepetzt huet, wéi seng eege Nationalsprooch am Ausland ënnerdréckt gouf ( di eenzeg Ausnahm - am Joer 2002 - schéngt d'Madamm Erna Hennicot-Schoepges ze sinn ). Lëtzebuerg huet sougar net di Opportunitéit geschnappt, wéi Lëtzebuergesch endlech a Frankräich ( no e puer Jorzéngte Kampf... ) offiziell unerkannt gouf an eng kleng Plaz an de Schoule krut, mat Frankräich eng Konventioun ze wënschen an z'ënnerschreiwen. Lëtzebuerg war bis elo nach net mol am Stand, di geréngst Zesummenaarbecht dem franséische Ministère de l'Education Nationale virzeschloen.

    D'Schlëssele vun der Entwécklung vun der lëtzebuerger Sprooch am Häerz vun Europa befanne sech a Lëtzebuerg. Dem Stat Lëtzebuerg gehéiert et, déi Dieren opzemaachen!

    Jo NOUSSE ( Heckefransous, Sproochepartisan a Sänger bei MANNIJO & LA SCHLAPP SAUVAGE )

    *: sou gouf Lëtzebuerg nach ëmmer genannt vun de Lotrenger-innen, di Lëtzebuergesch als Ëmgaangssprooch haten. Dat Wuert ass awer ganz positiv gemengt.

    nb: dann hätt ech nach zwee wichteg Froen :

     

    Firwat halen d' Progressisten a Lëtzebuerg bal all ëmmer d'Schnëss a loosse de Reaktionnäre fräie Wee fir iwwer d'Sprooch ze fierderen?

     

    Firwat ass an ärem Land sou e grondsätzlechen Datum wéi den 10. Oktober, den Dag wou 1941 e ganz Land seng lëtzebuergesch Identitéit géint de Faschismus kloer ausgedréckt huet, keen offizielle Feierdag?

     


  • Commentaires

    Aucun commentaire pour le moment

    Suivre le flux RSS des commentaires


    Ajouter un commentaire

    Nom / Pseudo :

    E-mail (facultatif) :

    Site Web (facultatif) :

    Commentaire :