• 2 commentaires
  •  De Jérôme LULLING huet eng ganz Rei Videochaten fir Lëtzebuergesch ze léieren  op Féiss gestallt.

     All déi Videochaten si geduecht fir d' Niveau A1.2, A2.2, B2.

     Jérôme LULLING  a conçu toute une série de videochats pour apprendre la langue luxembourgeoise.

     Les videochats s'adressent aux apprenant.e.s de niveau  A1.2, A2.2, B2.


    D'Archiv fannt der hei: / Vous trouverez les archives sur le lien suivant :


    https://www.youtube.com/user/luxdico/videos

     

    Videochat fir Lëtzebuergesch ze léieren


    votre commentaire
  •  

    Voici la mise à jour de la liste des appellations en  francique luxembourgeois de tous les villages de l'ancien  canton de Sierck-les-Bains (Moselle), aujourd'hui englouti dans la communauté de communes CCB3F (Communauté de Communes du Bouzonvillois / 3 Frontières). Le blog FRANCIQUE remercie  chaleureuseent Jean-Marc BECKER pour sa contribution ainsi qu'Albert PIERNET pour ses remarques

    Elei ass d'Lëscht vun den Nimm op lëtzebuerger Platt vun allen Dierfer vum ehemalege siirker Kanton, haut am der Gemengegemeenschaft CCB3F agepaakt. De Blog FRANCIQUE seet dem Jean-Marc BECKER villmools Merci fir säi Beitrag, an dem Albert PIERNET fir seng Bemierkungen.

    Le nom des villages en lëtzebuerger Platt / CANTON DE SIERCKLe nom des villages en lëtzebuerger Platt / CANTON DE SIERCK

     

     

     

     


    votre commentaire
  • Bonjhuer alleguer / Bonjour à toutes et à tous

    Ech hoffen, datt meng kleng Noriicht iech all gesond fënnt. J'espère que mon petit message vous trouvera toutes et tous en bonne santé.

    Un peu de temps libre pour rédiger des infos, et pour les lire !

    Vous trouverez  dans la lettre d'info "Info Bréif WLN Mäerz 2020" les dernières actualités, avec notamment le point final donné au classement du Fonds documentaire destiné à la Médiathèque de Sarreguemines et la présentation de l'ouvrage sur les sobriquets du pays thionvillois à paraître en fin d'année.

    Ech wënschen iech dat bescht, haalt iech monter, a bis geschwënn !

    Jean-Marc BECKER ( President vum Veräin "Wéi laang nach?" )


    votre commentaire
  • Combien de fois devra-t-on le répéter ? Wéivi mol solle dat nach soen?


    votre commentaire
  • Moien Alleguer / Bonjour à toutes et à tous

    Generalversammlung vum Veräin Wéi laang nach?..

    Dënschdeg, den 26. November um 18 Auer

    zu Diddenuewen, an der Maison des Associations R. Queneau (Saal 11)                                        

    - Bericht iwwer d'Aktivitéiten vun dëst Joer : 40 Joer WLN, Schëlder op Platt zu Siirk, Bezéiungen, Treffen a Versammlungen am Kader vun der "Region Grand'Est", Buch iwwer d'Spottnimm, Registréierung vun de ganze Dokumenter (WLN + Fonds Daniel Laumesfeld) fir d'Mediathek vu Saargeminn...

    - Finanzielle Bericht

    - Projeen a Perspektiven

     

    Dir sid all häerzlech agelued

     

    Assemblée générale de l'association Wéi laang nach?..

    mardi 26 novembre à 18h

    à Thionville, Maison des Associations R. Queneau (salle 11)

    - Rapport d'activités : 40e anniversaire de WLN, panneaux en Platt à Sierck, relations, rencontres et réunions dans le cadre de la région Grand'Est, ouvrage sur les sobriquets, listage de tous les documents (WLN + Fonds Daniel Laumesfeld) pour la Médiathèque de Sarreguemines...

    - Bilan financier

    - Projets et perspectives

    Vous êtes toutes et tous cordialement invités

     

    Pensez aussi à votre cotisation pour 2019 / 2020 : envoyez-nous un chèque de 10€ à l'adresse de l'association :

    Association Wéi laang nach ?..

    Maison des Associations Raymond Queneau

    5 impasse des Anciens Hauts Fourneaux

    57100 THIONVILLE

    Vous pouvez aussi effectuer un virement : demandez-nous un RIB/IBAN.

    Denkt och un Är Matgliddskaart fir 2019 / 2020  : schéckt eis e Scheck vun 10€ an d'Adress vum Veräin :

    Association Wéi laang nach ?..

    Maison des Associations Raymond Queneau

    5 impasse des Anciens Hauts Fourneaux

    57100 THIONVILLE

    Dir kënnt och eng Iwwerweisung maachen : frot eis einfach e RIB/IBAN.

     

    Le président : Jean-Marc Becker

     

     

     


    votre commentaire
  • Den Donneschdeg 29. August waren d' Leit , déi fir de Platt eppes maachen : fränkech Veräiner, Kënschtler, Kulturverantwortlecher, asw,..., vun der Regioun agelued fir vun hiren Aktiounen ze schwätzen a fir iwwer d' Hëllefsméiglechkeeten vun der d'Regioun ze lauschteren. Et war och d' Ried iwwer Fiederungen fir eis Sprooch a fir sech iwwer d'Bremsen vu muench Autoritéiten ( nämlech d' Education Nationale ) ze bekloen. D' Versammlung war am Casino des Faïenceries zu Saargemin, déi Stad wou de berühmte fränkeche Festival " MIR REDDE PLATT " all Joer duerchgeféiert gëtt. ( Biller : Fred Kestener )

    Versammlung vun der Regioun

    Versammlung vun der Regioun

     


    votre commentaire
  •  

    Den 18. mee 2019 war et souwäit. D'Gemeng Siirk huet Schëlder op Lëtzebuergesch ageweit.

    4 Duerfschëlder, 2 Richtungschëlder, 2 provisoresch Schëlder ( fir den Owesmoart am Summer ) a 7 Stroosseschëlder. Et ass net di éischt Kéier wou Schëlder op lëtzebuerger Fränkech ageweit ginn am lotrengeschen Drâilännereck. Schunn am Joer 1986 gouf zu Opech d' Duerfschëder fir d'éischt Kéier ageweit. Awer zu Siirk handelt et sech ëm di éischt Phas vun enger global zweesproocheg Signaliséierung, déi säi Sënn huet am Häerze vun Europa. Zemools dat d'lëtzebuergesch Sprooch di eenzech gemeensam Sprooch ass  am Sar-Lor-Lux, besser geschriff Saar-Lot-Lëtz !

    Artikel Siirk / Le Républicain-Lorrain

     

     

    Siirk bäi der Musel

    Siirk bäi der Musel

    Siirk bäi der Musel

    Siirk bäi der Musel


    votre commentaire
  • A firwat net op Lëtzebuergesch? Un comble: le luxembourgeois n'a même plus sa place à Schengen ! La "Traumschleife", belle randonnée en plein Dräilännereck, est titrée en allemand et en français. Le luxembourgeois, seule langue commune transfrontalière, est encore une fois écarté de la signalétique.

    Dräisproochegkeet am Dräilännereck!

    Trilinguisme aux Trois Frontières !

    Dreisprachigkeit im Dreiländereck!

    Schengen ouni Lëtzebuergesch!

     


    2 commentaires
  • No der chaotesch a vill ëmstridde Reform vum Lycée a Frankräich,

    kann ee sech Froe stellen iwwer d'Plaz vun de Regionalsproochen .

    De  Veräin " Wéi laang nach ? " huet der Rectrice e Bréif geschriwwen :


    2 commentaires
  • De Veräin Wéi laang nach? huet 40 Joer.

    De Républicain-Lorrain huet e Gespräch gefouert mat dem President Jean-Marc BECKER

    iwer d' Perspektiven vum Kulturveräin (Artikel vum 6.01.2019 ).

     


    votre commentaire
  • 2109 : 40 Joer " Wéi laang nach? "  REPAS-SPECTCALE


    votre commentaire
  •  

          Moien, bonjour,

    L'association culturelle francique "Wéi laang nach?.." fêtera bientôt ses 40 ans. À cette occasion, nous lançons une campagne d'adhésion (voir document ci-dessous) à laquelle nous vous invitons à répondre.

    De fränkesche Kulturveräin "Wéi laang nach?.." feiert lo geschwënn seng 40 Joer. Dofir dëst Bäitrëttsaktioun (cf Unhang) mat der Hoffnung, datt dir positiv drop äntwert.

    Pour 2019, déjà deux événements à inscrire dans votre agenda !

    • Soirée 40ème anniversaire le 19 janvier : repas-spectacle avec la Schlapp Sauvage et une rétrospective photo de 40 ans d'action de l'association, au Val Sierckois à Montenach
    • Parution d'un ouvrage sur les sobriquets du Pays Thionvillois (prévue pour fin 2019)
    •  40 Joer "Wéi laang nach?.." : Iessen a Musek mat "La Schlapp Sauvage", a Fotoen vu 40 Joer Aktioun vum Veräin Wéi laang nach?.., am Val Sierckois zu Montlech, den 19. Januar
    •  Buch iwwer d'Spottnimm vum Dräilännereck, virgesinn fir Enn 2019

    Avec nos salutations les meilleures / Mat eise beschte Gréiss

    Fir Wéi laang nach?.., de President : Jean-Marc BECKER

    Adhésion à " Wéi laang nach?" Matgliddsaktioun


    1 commentaire
  • De Kulturveräin " Wéi laang nach?", gegrënnt am Joer 1979, huet en neie Logo.

    E Sonnerad ( deen den Zyklus vun der Zäit symboliséiert )

    an eng Sandauer ( déi d' Winzegkeet vun der Zäit symboliséiert ) sinn ausgewielt ginn

    fir den Numm vum Veräin z'illustréieren.

    L'association culturelle francique " Wéi laang nach?", fondée en 1979, s'est dotée d'un nouveau logo.

    Une roue solaire ( symbolisant le cycle du temps ) et un sablier ( symbolisant sa fragilité )

    pour illustrer son appellation "Combien de temps encore ?".

    En neie Logo fir  " Wéi laang nach ?"


    votre commentaire
  • PLATTFORM, un site indispensable pour celles et ceux qui s'intéressent au francique. Le site est conçu par la Médiathèque d'Agglomération de Sarreguemines dont le département " Francique " est de loin le plus fourni avec plusieurs milliers d'ouvrages et de supports se rapportant au francique.

    PLATTFORM, eng wichteg Internetsäit fir déi, di sech un eis Sprooch intresséieren.         D' Internetsäit ass vun der Médiathèque d'Agglomération de Sarreguemines gedriwwen, déi de griiste Wal Bicher an Dokumentation ( e puer dausender ) iwwer eis Sprooch ubidd. 

    http://francique.mediatheque-agglo-sarreguemines.fr/


    votre commentaire
  • "LËTZEBUERGER LIDDER DÄERFEN NET VERLUER GOEN !" ,
    duerfir dëst Buch!
    Soll haut e Lëtzebuergescht Lidd gesonge ginn, da si mer séier schlecht drun. Bei der Auswiel ugefaangen, déi ass ganz bescheiden. Wann et dann ëm déi 2 oder 3 Strof geet, da musse mir meeschtens opginn!
    „ Een neit Buch mat ale Lidder „
    Hei hunn ech elo emol e puer Lidder, mat éischter witzegem Character, zesummegedroen déi haut nach kaum ee kennt, ma déi an der Zäit dagdeeglech a bei all Geleeënheet, mat vill Freed a Begeeschterung gesonge gi sinn.
    Dëst Buch soll déi Lidder nees opliewe loossen déi een haut kaum méi héiert, an déi, ech mierken et un der Nofro, ëmmer méi erëmgesicht ginn.
    Wann bei Iech fir dëst Buch Interessi entsteet, dann iwwerweist 22 € ( mam Porto ) op den Cc vun der BGL LU39 0036 0495 5284 0000 mat äerem Numm an Adress, da kritt dir dat Buch heem geschéckt !
    Jean KANDEL 7, rue Luitgardis L-8244 MAMER
    Tel: 00352 621 665 212 jkandel@tango.lu
    Fir méi Info : www.jkandelmamer.de


    votre commentaire
  • Fir Lëtzebuergesch ze léieren, lauschtert och d'Radio!
    Mosellan.ne.s, apprenez le luxembourgeois en écoutant une radio de service public intelligente à la programmation musicale extraordinaire. On la reçoit très bien sur 100.7 ( RADIO HONNERT KOMMA SIWEN ) dans tout le pays thionvillois :https://www.100komma7.lu/ , sinon en streaming of course. Et on peut demander à recevoir gratos leur fameux cahier mensuel de programmes ( op Lëtzebuergesch ) par courrier...


    votre commentaire
  •  

    KRÄIZWUERTRÄTSELEN OP LËTZEBUERGESCH

    Op där Adress si Kräizwuerträtselen op Lëtzebuergesch:

    http://i.rtl.lu/rtl/kwr/raetsel_73y/

    E bëssche komplizéiert am Ufank, awer et ass ee Feeleruweiser ( correcteur intégré ) derbäi!   Vill Spaass.


    votre commentaire
  • " MIR REDDE PLATT "

    De berühmte Festival "MIR REDDE PLATT " vu Saargeminn a Lotrengen feiert dëst Joer säin 20. Gebuertsdag. Mir gratuléiren!

    Le célèbre festival francique "MIR REDDE PLATT " de Sarreguemines fête son 20ème anniversaire. Félicitations !

    De Programm ass op dem folgende Link ze liesen / Programme à consulter en cliquant sur le lien suivant:

     PROGRAMM


    2 commentaires
  • Le récent reportage consacré au Platt, langue régionale de Moselle, sur le JT de Jean-Pierre PERNAUT était scandaleux.  Les journaleux qui  ont signé  ce reportage ( V. Dietsch & J. Roth  ) appartiennent à  "Est Info TV" qui agit pour TF1 et LCI. On se demande de quelle incommensurable bétise découle leur affirmation selon laquelle le Platt  serait le résultat de l'occupation allemande ??!!...

    En + , confondre "occupation" et " annexion" quand on fait un reportage en Moselle témoigne vraiment d'une sacrée acculturation....

    Le Platt ( ou francique ) est la langue que parlait Charlemagne. C'est une langue vieille de près de 2000 ans, les langues française et allemande ne sont apparues  qu'un millénaire plus tard . C'est par ces mots simples qu'aurait dû commencer ce reportage...

    Quel gâchis !

    Le pitoyable traitement du sujet, diffusé dans le cadre d'une quinzaine consacrée chaque jour à une langue régionale sur le JT de TF1, a heureusement fait réagir dans le Bitcherland. Voici ce qu'en rapporte le "Républicain-Lorrain" :

     


    votre commentaire

  • 1 commentaire
  •  

    Oppene Bréif fir Lëtzebuerg 

       Lo ass bei iech endlech e Gesetz fir Lëtzebuergesch op Instanzewee. Wann een-eng d'Nues an d'Häerz no bäi Lëtzebuerg huet, awer an engem sproochefeindleche Land wunnt ( wéi z.B. Frankräich ) fënnt een-eng, datt Lëtzebuerg mat senger eegen Nationalsprooch aktéiert wéi wann d' Ländchen* eng Insel wär!

    D'Wirklechkeet vun der lëtzebuerger Sprooch ass awer net gena sou, wéi di meescht Lëtzebuerger-innen et mengen. Den éischten triviale Fakt ass schu quasi onbekannt: de Sproochraum vum Lëtzebuergesch ass gar net un de Grenzen ugepasst. Lëtzebuergesch gehéiert och e bësschen den Noperen: Frankräich, Däitschland an d' Belsch. Firwat gëtt dat net an de lëtzebuerger Schoule geléiert, op den Aarbechtspläzer a Betraacht geholl, an der Gesellschaft beschwaet?

    Lëtzebuerg huet eng Bezéiung zu senger Sprooch, déi net nëmmen als reng egozentresch awer och kafkaesch bezeechent ka ginn. Et gëtt keem Mënsch a Lëtzebuerg gesot, erkloert, datt Lëtzebuergesch eng ural lebendeg iwwergrenzlech Sprooch ass, déi méi wéi dausend Joer äler wéi Däitsch a Franséisch ass.

    Näischt widder näischt wëssen d'Bierger-inne vu Lëtzebuerg iwwer d' linguistesch a sozial Geschicht vun der Sprooch, déi 1984 hir Nationalsprooch ginn ass

    Méi schlëmm ass nach, datt Lëtzebuerg dat eenzegt Land op der Welt ass, dat eng Nationalsprooch huet OUNI Begleetungsmoosnahme derbäi fir dat de Recht vun dëser Nationalsprooch a Praxis een Ausdréck an der Gesellschaft kréit! Alles steet an sou engem falsche fräie Brei wou egal wat gemaach gëtt ( oder -besser geschriwwen- NET gemaach gëtt ).

    D'Grenzaarbechter-innen, méi wéi 180.000 Leit am Epizenter vun Europa, wann si d' Chance hunn, eng Ausbildung op Lëtzebuergesch ze erliewen ( wat net dacks de Fall ass), kréien d'Sprooch virgestallt wéi een echte lëtzebuergesche Produkt, amplaz datt den iwwergrenzleche Fong, dat heescht och d' mënschlech Verbonnenheet, hinnen och bäibruecht gëtt. No der leider verpasst Chance am eegene Land (cf de Referendum ), ass Lëtzebuerg elo och drunn seng Chance fir besser mënschlech Bezéiungen am Häerz vun Europa ze verpasse

    An da gëtt och an ärem Land gesot/gepëspert : « Souwisou sinn di faul Fransousen bal ni am Stand, eis Sprooch korrekt ze léieren ». Dobäi ass e wichtegen Element vergiess: iwwerall a sengem Sproochraum ronderëm Lëtzebuerg gouf d' lëtzebuerger Sprooch zënter Jorzéngte schwer ënnerdréckt. A Frankräich ass d' Lëtzebuergesch extrem mësshandelt ginn. Offiziell huet de franséische Stat nëmmen am Joer 1987 verbueden, datt an de lotrengesche Schoule d' Kanner bestrooft ginn, well si d'Sprooch benotzt hunn ( ob Lëtzebuergesch, Muselfränkech oder Rhäinfränkech)!

    Lëtzebuerg ass dat Land wou de Kapp ëmmer brav gebéckt huet an d'Aen zougepetzt huet, wéi seng eege Nationalsprooch am Ausland ënnerdréckt gouf ( di eenzeg Ausnahm - am Joer 2002 - schéngt d'Madamm Erna Hennicot-Schoepges ze sinn ). Lëtzebuerg huet sougar net di Opportunitéit geschnappt, wéi Lëtzebuergesch endlech a Frankräich ( no e puer Jorzéngte Kampf... ) offiziell unerkannt gouf an eng kleng Plaz an de Schoule krut, mat Frankräich eng Konventioun ze wënschen an z'ënnerschreiwen. Lëtzebuerg war bis elo nach net mol am Stand, di geréngst Zesummenaarbecht dem franséische Ministère de l'Education Nationale virzeschloen.

    D'Schlëssele vun der Entwécklung vun der lëtzebuerger Sprooch am Häerz vun Europa befanne sech a Lëtzebuerg. Dem Stat Lëtzebuerg gehéiert et, déi Dieren opzemaachen!

    Jo NOUSSE ( Heckefransous, Sproochepartisan a Sänger bei MANNIJO & LA SCHLAPP SAUVAGE )

    *: sou gouf Lëtzebuerg nach ëmmer genannt vun de Lotrenger-innen, di Lëtzebuergesch als Ëmgaangssprooch haten. Dat Wuert ass awer ganz positiv gemengt.

    nb: dann hätt ech nach zwee wichteg Froen :

     

    Firwat halen d' Progressisten a Lëtzebuerg bal all ëmmer d'Schnëss a loosse de Reaktionnäre fräie Wee fir iwwer d'Sprooch ze fierderen?

     

    Firwat ass an ärem Land sou e grondsätzlechen Datum wéi den 10. Oktober, den Dag wou 1941 e ganz Land seng lëtzebuergesch Identitéit géint de Faschismus kloer ausgedréckt huet, keen offizielle Feierdag?

     


    votre commentaire

  • votre commentaire
  • Un bel outil pratique et gratuit : le LOD,  dictionnaire luxembourgeois en ligne.

    Dir kënnt hien testen, de " Lëtzebuerger online Dictionnaire " ass wirklech kamoud...a gratis!

    http://lod.lu/

    Lëtzebuerger online Dictionnaire


    votre commentaire
  • Dëse kollektiven Dokument beschreiwt an e puer Zeilen di Haaptevenementer vun der Geschicht vum Kampf fir d'Anerkennung vun eiser Sprooch ( Period 1975-2015 ).

    Ce document collectif résume les événements majeurs de l'histoire du mouvement francique dans la période 1975-2015.

     

     


    1 commentaire

  • votre commentaire
  • SCHAUKELPERD, di bekannt Band aus Lotréngen, huet fir Iwwerraschung gesuergt. Am Juli sinn si zu 5 Leit zu Saarlouis opgetrueden.

    Ëm di historesch ATAMANIUK-Gebridder ( Hervé & Dida ) stungen de Roland HELM, Kultmënsch an Aktivist vun der saarbrécker Rockzeen, an och, Iwweraschung, ee Bassist an een Trommer ! Een neie Wee fir zoukënfteg Folkrock Schauklereien?.... D' Stëmmung zu Saarlouis war op alle Fäll ganz flott.

    Surprise musicale à Sarrelouis en juillet quand le groupe francique SCHAUKELPERD se présentait au nombreux public en quintette atypique ! Autour des historiques frangins ATAMANIUK s'activait le guitariste-chanteur Roland Helm, figure emblématique du rock à Sarrebrück ainsi.... qu'un bassiste et un batteur. Un tournant folkrock tout à fait bienvenu chez le cheval à bascule au vu de l'ambiance créée à Sarrelouis. On attend leurs prochaines cavalcades folkrock.

    SCHAUKELPERD : nouvelle cavalcade !

    SCHAUKELPERD


    1 commentaire
  • Un vidéo-clip en luxembourgeois pour souhaiter la bienvenue aux réfugiés

    De berühmte lëtzebuerger Sänger Serge TONNAR huet e flotte Video-Clip erausginn. Säi Lidd op lëtzebuergesch, op franséisesch ass ënnertitelt, ass geduecht  fir de Flüchtléngen an den Asylbewerber "wëllkomm" ze soen. BRAVO !

    Le chanteur Serge TONNAR, très populaire au Luxembourg, vient de réaliser un nouveau clip vidéo. Sa chanson en francique luxembourgeois, sous-titrée en français, est destinée à souhaiter la bienvenue aux refugiés et demandeurs d'asile. BRAVO !

    Ci-dessous le lien pour visionner la vidéo :

    Video-Clip vum Serge TONNAR

     


    votre commentaire
  • On vous conseille de commencer par  les cours du Quattropole.

    Voici le lien vers ces cours de luxembourgeois en ligne qui ont déjà été suivis

    par plus de ......50.000 personnes !


    L'inscription est gratuite et c'est vraiment bien fait :

    http://www.elearning.lu/lb/intro/

     

    En complément du site Quattropole, voici toute une série de MP3 thématiques

    en luxembourgeois (il y a une brochure didactique correspondante en pdf que vous pouvez télécharger).
     

    C'est la Ville de Luxembourg qui met ces documents gratuitement à disposition.

    Là aussi, c'est une initiative réussie.


    http://www.vdl.lu/Culture+et+Loisirs/Cours+organis%C3%A9s+par+la+Ville/L%C3%ABtzebuergesch+l%C3%A9iere+mat+MP3+_+Fichiers+audio.html

    Mir wënschen iech vill Spaass, a verléiert är Schlappen net derbäi !

    Apprendre gratuitement le Lëtzebuergesch sur le net : le luxembourgeois en Schlapp !


    votre commentaire
  • De lëtzebuergesche Schrëftsteller, Komponist an Iwwersetzer Jean-Michel TREINEN ass e Samschdeg 2. Januar 2016 am Alter vun 61 Joer gestuerwen.

    Hie war nämlech bekannt fir seng berümt « Mäcbess » Iwwersetzung vum William Shakespeare (Verlag Op der Lay) a fir d' Artikelen déi hie fir d' satiresch Wochenzäitung « den neie Feierkrop » geschriwwen huet.

    Fir méi iwwer säi Wierk ze wëssen, liest den Artikel op dem Lëtzebuergesche Wikipedia :

    https://lb.wikipedia.org/wiki/Jean-Michel_Treinen

     

    Disparition de Jean-Michel TREINEN

    L'écrivain, compositeur et traducteur luxembourgeois Jean-Michel TREINEN est décédé le samedi 2 janier 2016 à l'âge de 61 ans.

    Il était connu notamment pour sa fameuse traduction de « Macbeth » (parue aux éditions "Op der Lay") et ses articles pour l'hebdomadaire satirique luxembourgeois « den neie Feierkrop ».

    Pour + d'informations sur son oeuvre, consultez l'article le concernant sur le wikipedia en langue luxembourgeoise :

    https://lb.wikipedia.org/wiki/Jean-Michel_Treinen


    votre commentaire



    Suivre le flux RSS des articles
    Suivre le flux RSS des commentaires